Op den Inhalt sprangen

Véronique

Vu Wikipedia
Véronique
Déi helleg Véronique, op engem Bild vum Mattia Preti (1613–1699)
Geschlecht weiblech
Namensdag 4. Februar
Ursprong
Genannt no Helleg Véronique
Varianten
Alternativen Veronika, Veronica
Spëtznumm Véro / Vero, Vroni, Vrunni

Véronique, resp. Veronika ass e weibleche Virnumm, deen op déi chrëschtlech Helleg Véronique zeréckgeet.

E kënnt aus dem Griichesche vu pherenike, wat "Bréngerin vun der Victoire" bedeit.

Déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert sinn:

  • φέρειν - droen
  • Νίκη - d'Victoire

Déi gebräichlechst franséisch a lëtzebuergesch Diminutivform vum Virnumm ass Véro / Vero, déi däitsch ass Vroni, an déi russesch sinn Nika a Ronja.

Hire Gedenkdag ass de 4. Februar.

Bekannt Frae mat deem Virnumm

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Véronique – Biller, Videoen oder Audiodateien